Wéi en Draach am, Pabeierschëff um Himmel
Faarweg Koplabunz um bloen Trampolin
Wéi en Draach am Wand iwwer all Grenze fléien
Sou fräi wëll ech gin, sou fräi wëll ech gin
Sou fräi wëll ech gin wéi Gedanke sin
Kuck dat Kand um Wee sou liicht säi Liewe spillen
Wa säi Laache kléngt gët an der Däischtert Liicht
Kuck dat Kand um Wee aus Dreem en Heem erfannen
Sou fräi wëll ech gin, sou fräi wëll ech gin
Sou fräi wëll ech gin wéi Gedanke sin
Fléi mat mir an d’Sonn mir gräife no de Stären
‘T gët eng aner Welt wou mir eis all verstin
Fléi mat mir an d’Sonn, iwwer on eege Grenzen
Sou fräi wëll ech gin, sou fräi wëll ech gin
Sou fräi wëll ech gin wéi Gedanke sin
(Sou fräi wëll ech gin) Sou fräi
Sou fräi (Sou fräi wëll ech gin)
Wéi Gedanke sin
Wednesday, May 16, 2018
Eurovision Song Contest 1992 : Marion Welter & Kontinent – Sou fräi Lyrics || Luxembourg
Subscribe to:
Post Comments (Atom)
No comments:
Post a Comment